background background

Kielen

Quo vadis, Gemeng Kielen?

Et sinn haut ganz genee 24 Wochen an 2 Deeg, also insgesamt 170 Deeg hier, dass déi lescht Gemengewale waren. Ganz séier waren d’CSV an d’LSAP sech eens gi fir déi nächst 6 Joer zesummen an enger Koalitioun zesummenzeschaffen.

Bis haut huet de Gemengerot nach näischt vum Schäfferot héieren wat d’Pläng bis 2029 wäerte sinn: weder eng Schäfferotserklärung, nach eng Opdeelung vun de Kompetenzen am Schäfferot sinn d’Conseillere gewuer ginn. Fir déi nächst Reunioun vum Gemengerot den 1. Dezember 2023 steet och keng Schäfferotserklärung um Ordre du jour.

Et gesäit net wierklech dono aus, wéi wann déi politesch Verantwortlech dem Gemengerot an der Populatioun vun der Gemeng Kielen wëllen a kënne soen wourunner si déi nächst Jore wäerte schaffen.Et gesäit éischter esou aus, wéi wann de Schäfferot e „pilotage à l’aveugle“, ouni Visioune fir d’Zukunft, wëll duerchzéien.